CEO/Geschäftsemail Bedruch

Sou kënne si Iech Uschmieren

Si gi sech als CEO aus

CEO / Business Email Compromise (BEC) Bedruch geschitt, wann en Employé, deen d’Erlaabnes huet, Iwwerweisungen ze maachen, dozou verleet gëtt, eng falsch Rechnung ze bezuelen oder eng onerlaabt Iwwerweisung vun engem Geschäftskont ze maachen.

Wéi fonctionnéiert dat?

Dës Method baséiert op dem Employé senger Bereetwëllegkeet séier d’Aufgaben auszeféieren, wann de Senior Management en ausdrécklech drëms biet, dat ze maachen. D’Schwindler schénge gutt Kenntnesser iwwer d’Organisatioun ze hunn an d’E-Mailer wierke ganz iwwerzeegend.

Wat sinn d’Warnzeechen?

  • Direkte Kontakt mat engem héichgestallten Employé iwwer E-Mail oder Telefon ouni Opfuerderung.
  • Verlaangt absolutt Vertraulechkeet.
  • Drock an eng Form vun Urgence.
  • Ongewéinlech Ufro, déi géint déi intern Prozedure geet.
  • Dreeungen oder ongewéinlecht Fléiwen/Versprieche vu Belounungen.

Wat kënnt Dir maachen?

Als entreprise

  • Sidd Iech iwwert d’Risikoe bewosst a vergewëssert Iech, datt d’Employéen informéiert sinn an och doriwwer Bescheed wëssen;
  • Encouragéiert Äert Personal, Ufroe fir Iwwerweisunge mat Virsiicht ze genéissen;
  • Féiert intern Prozesser iwwer Iwwerweisungen an;
  • Féiert Prozeduren an, fir d’Legitimitéit vun den Iwwerweisungsufroen, déi per E-Mail era kommen ze verifiéieren;
  • Féiert Rapportsroutinen an, fir e Bedruchsfall ze behandelen;
  • Kuckt d’Informatiounen no, déi op der Websäit vun Ärer Entreprise stinn, begrenzt dës Informatiounen a sidd virsiichteg wat d’sozial Medien ubelaangt;
  • Verbessert an aktualiséiert Är technesch Sécherheet;
  • Kontaktéiert ëmmer d’Police am Fall vu Bedruchsversich, och wann Dir net Affer gi

Als employé

  • Haalt Iech genee un Är Sécherheetsprozedure fir Iwwerweisungen an Opträg;
  • Iwwersprangt keng Etappen a loosst Iech net ënner Drock setzen;
  • Schwindler gebrauchen oft nogemaachten E-Mailen, wou nëmmen ee Buschtaf anescht ass wéi am Original
  • Kontrolléiert ëmmer genee d’E-Mail-Adressen, wann Dir mat sensibelen Informatiounen / Iwwerweisungen ze dinn hutt;
  • Am Zweiwelsfall bei engem Iwwerweisungsoptrag, frot e kompetenten Aarbechtskolleg, och wann Dir gebiede gouft, diskret ze bleiwen;
  • Maacht ni verdächteg Linken oder Unhäng op, déi Dir per E-Mail kritt. Passt speziell op, wann Dir Är privat E-Mailen um Computer vun der Gesellschaft kuckt;
  • Limitéiert d’Informatiounen a sidd virsiichteg, wat d’sozial Medien ugeet.
  • Vermeit et, Informatiounen iwwert d’Hierarchie, d’Sécherheet oder d’Prozedure vun der Gesellschaft ze deelen.
  • Wann Dir eng verdächteg E-Mail oder e verdächtegen Uruff kritt, da mellt et ëmmer bei Ärem Informatiksdepartement.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.