Investmentbedruch

Si loossen Iech gleewen, datt Dir en gudden Investissement maache wäert…

Üblech Investissement-Bedruchsfäll kënne lukrativ Investissementsméiglechkeeten enthalen, wéi Aktien, Obligatiounen, Kryptowärungen, rar Metaller, Grondstécksinvestissementer am Ausland oder alternativ Energie.

Wat sinn d’Zeechen?

  • Dir kritt widderhuelt en ongefroten Uruff.
  • Dir kritt séier Rendementer versprach an et gëtt Iech verséchert, datt den Investissement sécher ass.
  • D’Offer ass nëmme fir eng limitéiert Zäit disponibel.
  • D’Offer ass nëmme fir Iech an Dir gitt gefrot, se mat kengem ze deelen.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Frot ëmmer no engem onparteiesche finanzielle Rot, ier Dir iergendwellech Suen iwwerweist oder en Investissement maacht.
  • Weist spontan Uriff of, wann et em Investitiounsméiglechkeete geet.
  • Sidd mësstrauesch géigeniwwer vun Offere fir sécher Investissementer, garantéiert Rendementer a grouss Profitter.
  • Hitt Iech virun zukünftegem Bedruch. Wann Dir schonns eng Kéier an eng Fraude investéiert hutt, da kann et gutt sinn, datt déi Kriminell erëm op Iech aus sinn oder Är Donnéeën un aner Krimineller verkafen.
  • Kontaktéiert d’Police, wann Dir e Verdacht hutt.

oder presentéieren Iech eng super Offer online!

D’Konsumenten an d’Firme kafen a verkafen ëmmer méi online. Online-Geschäfter sinn oft eng gutt Affär, mee passt op op Bedruchsfäll.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Gebraucht national Eenzelhandelswebsäite wa méiglech – dann ass et éischter méiglech, datt Dir Är Problemer reegele kënnt.
  • Maacht selwer Recherchë – kuckt Iech Bewäertungen un, ier Dir akaaft.
  • Gebraucht Kreditkaarte – sou hutt Dir méi Chance, Är Suen zréck ze kréien.
  • Bezuelt nëmmen iwwer e séchere Bezuelservice – Hätten se gären eng Iwwerweisung iwwer en Iwwerweisungsservice oder iwwer d’Bank? Iwwerleet Iech et besser zwee Mol!
  • Bezuelt nëmmen, wann Dir eng sécher Internetverbindung hutt – vermeit eng gratis oder ëffentlech Wifi-Verbindung ze benotzen.
  • Bezuelt nëmmen op engem sécheren Apparat – Verséchert Iech, datt Äre Betribssystem an Är Sécherheetssoftware um neiste Stand ass.
  • Hitt Iech virun aussergewéinleche Promotiounen oder Wonnerprodukter – Et schéngt ze gutt fir wouer ze sinn, dann ass et wahrscheinlech och esou!
  • Eng Pop-up Annonce, datt Dir e Präis gewonnen hutt? Iwwerleet Iech et zwee Mol, villäicht gewannt Dir just eng Malware.
  • Wann de Produit net ukënnt, kontaktéiert de Verkeefer. Wann Dir keng Äntwert kritt, kontaktéiert Är Bank.
  • Mellt ëmmer all verdächtege Bedruch bei der Police, och wann Dir net Affer vum Bedruch gi sidd.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.