Perséinlech Donnéeën Klau

Si klauen Är perséinlech Donnéeën iwwer sozial Mediekanäl

Är perséinlech Donnéeë sinn nëtzlech fir déi Kriminell. Iech vu Frauden ze schützen heescht och Är perséinlech Donnéeën a Sécherheet ze bréngen an ze behalen.

Wéi fonctionnéiert dat?

Och wann Dir Är sozial Medie-Konten als “privat” konfiguréiert a korrekt geschützt hutt, oder wann Dir virsiichteg sidd an net vill Informatiounen an Äre Profiller matdeelt (Biller, Videoen, Status-Aktualiséierungen etc.), gebrauchen d’Schwindler verschidden Techniken, fir Iech dozou ze bréngen, Är perséinlech Donnéeën anzetippen (Numm, E-Mail, Passwuert, Kreditkaartennummer etc.), alles Informatiounen déi gebraucht kënne ginn, fir Är Identitéit ze klauen.

Är perséinlech Donnéeë kënnen de Kriminellen hëllefen:

Onerlaabt Akeef mat Ärer Kreditkaart ze maachen oder Bank- oder Telefonskontrakter z’ënnerschreiwen a Konten opzemaachen;

  • Prêten ze maachen;
  • Är perséinlech Informatiounen un aner Krimineller ze verkafen;
  • Illegal Geschäfter an Ärem Numm auszeféieren.

Vill Ugrëff hunn en ähnlecht Muster, wéi déi Klassesch hei ënnen drënner

  • Twishing (Eng Kombinatioun vun de Wierder Twitter a Phishing) ass de Fait engem Twitter-Benotzer eng Noriicht ze schécken, déi en opfuerdert, eng Websäit ze besichtegen. Wann de Benotzer sech op déi frauduléis Säit aloggt, da kritt den Ugräifer seng Konten-Informatiounen (Numm a Passwuert).
  • Wien huet Är Profilsäit oder Är Säit an de soziale Medien gekuckt? Esou ee Service hätt gären Zougang zu Ärem Profil. Dono gitt Dir op eng frauduléis Ëmfro weidergeleet, déi dozou féiert, datt Dir Är perséinlech Informatiounen deelt. De Kriminelle verdéngt eng Kommissioun all Kéiers, wann een d’Ëmfro ausfëllt. Dir fannt ni eraus, wien Är Säit gekuckt huet.
  • “Sidd Dir dat an dësem Video?” Andeems Dir op dës Videoe klickt, lant Dir op enger Ëmfro, déi dem Kriminelle Suen era bréngt. Et kann och dozou kommen, datt Dir Ären Apparat mat Malware infektéiert.
  • “Äre Kont ass annuléiert ginn”, “bestätegt Ären E-Mail-Kont”. Esou Fraudë sinn dorop eraus, datt Dir Är privat Informatiounen a Kontenzougangsdonnéeën erausgitt.
  • Bedruch mat falschen Offeren a Bonge vu bekannte Stroossen- a Luxusmarken. Mat dëse Fraudë wëllt de Kriminellen Iech dozou beweegen, Är perséinlech Informatiounen eraus ze ginn oder Iech fir deier Servicer anzeschreiwen. Si hunn all Mount eng nei Form an a kléngen ze gutt fir wouer ze sinn – deen ugefrote Service oder Produit kënnt ni un.
  • Wonnerprodukter, gratis Testzäiten! Dësen Online-Plang benotzt gratis Testofferen, falsch Helpdesken an Ëmfroe fir Iech dozou ze bréngen, fir Produkter an Abonnementer ze bezuelen, vun deenen Dir net wësst, datt Dir Iech dozou verflicht hutt (z.B. sech widderhuelend Transportkäschten).
  • “Verdéng vill Sue vun Doheem aus”. Eng Aarbecht, déi vun Iech verlaangt eng Zomm ze bezuelen, fir kënnen unzefänken, ass héchstwahrscheinlech frauduléis. Dir fannt esou Annoncen op de soziale Medien a si leeden Iech op eng Offer, déi Iech Sue freet, fir Iech ze hëllefen unzefänken Dausende vun Euroen ze verdéngen. Si kënnen Iech ganz vill perséinlech Donnéeë froen, wéi Är Steiernummer, Kopië vun Ärem Pass oder Führerschäin. Aarbechtsoffere kënne verstoppte Weeër fir illegal Geldwäschaktivitéite sinn. Si kënnen Iech froen, Iwwerweisungen op Äre Bankkont unzehuele géint eng Kommissioun an dann d’Suen un eng auslännesch Firma z’iwwerweisen. Dobäi handelt Dir dann als Geldkurrier fir Krimineller, wat e Verbriechen ass.
  • Hëllef, ech hu Problemer! Eng Persoun déi sech fir eng aner, e Familljemember z. B., ausgëtt, deen dréngend Sue braucht, kontaktéiert Iech iwwert eng Noriicht an de soziale Medien. De Kriminelle seet, hie wier a grousser Nout a biet Iech, him/hir Borgeld z’iwwerweisen. Telefons-, E-Mail oder SMS-Noriichte kënnen aner Weeër sinn un Iech erun ze trieden.

Wat kënnt Dir maachen?

  • All Kéiers wann Dir Informatiounen iwwert e soziale Medie-Kont kontrolléiere wëllt, gitt direkt op d’Säit – traut kengem Link, vun deem behaapt gëtt, datt en Iech dohinner bréngt.
  • Passt op wéi vill Informatiounen a Biller Dir op de soziale Medien deelt. Krimineller kënne se gebrauchen, fir eng falsch Identitéit ze schafen oder Iech unzeschmieren.
  • Kuckt Är Dateschutz- a Sécherheetsastellungen op all soziale Mediekont no. Huelt Iech déi néideg Zäit fir genee ze verstoen, wat Äre Profil ëffentlech iwwer Iech weist.
  • Maacht Är online Recherchen. Sicht nom Numm vum Produkt oder der Aarbechtsoffer fir ze gesinn, wat anerer soen. Dir kënnt et kombinéiere mat Wierder wéi “Iwwerpréiwung”, “Plainte” oder “Bedruch”.
  • Deelt Profiller, déi Dir verdächtegt, Krimineller ze gehéieren, der soziale Medieplattform mat. Wa se e Follower vun Iech oder mat Iech befrënnt sinn, verséchert Iech, datt Dir se blockéiert oder ophaalt, mat hinnen ze kommunizéieren.
  • Kontrolléiert reegelméisseg Är Extraiten vun Äre Kredit- an Debitkaart. Wann Dir eppes verrechent kritt, wat Dir net bestallt hutt, da kontaktéiert Är Bank oder Äre Kaartenausteller.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.