Phishing/Smishing/Vishing

Si ruffen Iech un, schécken Iech en SMS oder eng E-Mail

Phishing (z.B. via E-Mail), Smishing (z.B. via SMS) a Vishing (z.B. via Uruff) sinn déi geleefegst sozial opgebauten Ugrëff op Bankeclienten.

Bank Phishing E-Mailen

Phishing bezitt sech op frauduléis E-Mailen, déi den Empfänger dozou bréngen, seng perséinlech, Finanz- oder Sécherheetsinformatiounen erauszeginn.

Wéi fonctionnéiert dat?

Dës E-Mailen:

  • Kënnen d’selwecht ausgesi wéi Zorte vu Korrespondenz, déi eng richteg Bank effektiv erausschéckt andeems d’Logoen, de Layout an d’Schreifweis vun de richtegen E-Maile kopéiert goufen;
  • Benotzen eng Sprooch, déi eng Urgence iwwermëttele soll, z.B. eng Strof wann Dir net äntwert;
  • Kënnen Iech opfuerderen, en Unhang erofzelueden oder op e Link ze klicken.

Cyberkrimineller verloossen sech drop, dass d’Leit beschäftegt sinn; am éischten Ament schéngen dës falsch E-Maile legitim ze sinn. D’Konsequenz dovun ass, datt d’Empfänger éischter dat, wat dra steet eescht huelen an dorop reagéieren.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Haalt Är Software um neiste Stand; Äre Browser, Antivirus a Betribssystem abegraff.
  • Passt speziell op, wann eng E-Mail vun enger ‘Bank’ Iech vertraulech Informatioune freet (z.B. Äert Passwuert vun Ärem online Bankkont). Eng legitim Bank kommunizéiert nëmme sécher mat Iech iwwert Ären online Bankkont.
  • Kuckt Iech d’E-Mail genau un; préift se op Inkoherenzen an iergend eppes wat kee Sënn mécht.
  • Préift ob et kleng Ënnerscheeder am Absender senger Adress ginn: eng Null kéint wéi en “o” ausgesinn.
  • Fuert mat der Maus iwwer dem Absender seng Adress a kuckt Iech den aktuellen Absender genee un; vergläicht wa méiglech dem Absender seng Adress mat virege richtege Messagë vun Ärer Bank.
  • Kontrolléiert op Schreif- oder Grammatiksfeeler dra sinn.
  • Äntwert net op eng verdächteg E-Mail, schéckt se léiwer un Är Bank, andeems Dir d’Adress selwer antippt.
  • Klickt net op de Link a luet den Unhang net erof, tippt léiwer d’Adress an Äre Browser.
  • Passt op, wann Dir e mobillen Apparat gebraucht. Et kéint méi schwéier sinn, e Phishingversuch iwwert Ären Handy oder Är Tablett ze erkennen. Dir kënnt net mat der Maus iwwert e bedenkleche Link fueren a mat engem méi klenge Schierm ass et kaum méiglech, Feeler ze entdecken. Wann et eng falsch E-Mail ass, da mellt et Ärer Bank – all d’Gesellschafte si frou, iwwer dës Aart vu Bedruch informéiert ze ginn. Am Zweiwelsfall, rufft Är Bank un.

Bank Vishing Uriff

Vishing (eng Kombinatioun aus de Wierder Voice a Phishing) ass e Bedruchsfall iwwer Telefon, bei deem déi Kriminell versichen, hiert Affer dozou ze bréngen, seng perséinlech, Finanz- oder Sécherheetsinformatioune matzedeelen oder hinne Suen z’iwwerweisen.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Hitt Iech virun ongefroten Telefonsuriff.
  • Schreift dem Uruffer seng Nummer op a sot him, Dir géift en zréckruffen.
  • Fir seng Identitéit ze bestätegen, sicht no der Telefonsnummer vun der Firma (op hirem Site oder am Internet) a kontaktéiert se direkt.
  • Validéiert den Uruffer net andeems Dir d’Nummer, déi hien Iech ginn huet, urufft (et kéint eng falsch oder eng virgetäuschten Nummer sinn).
  • Krimineller kënne grondleeënd Informatiounen online fannen (z.B. iwwer sozial Medien). Gitt net dovun aus, dass en Uruffer echt ass, just well hien esou eng Detailer huet.
  • Gitt d’PIN-Nummer vun Ärer Kredit- oder Debitkaart oder Äert Online-Bank-Passwuert net eraus. Är Bank géif ni esou Detailer froen.
  • Iwwerweist keng Suen op en anere Kont, wann Dir dozou opgefuerdert gitt. Är Bank géif Iech ni bieden, esou eppes ze maachen.
  • Wann Dir mengt et wier e falschen Uruff, deelt Ärer Bank dat mat.

Bank Smishing SMSen

Smishing (eng Kombinatioun aus de Wierder SMS a Phishing) ass e Versuch vun de Krimineller, perséinlech, Finanz- oder Sécherheetsinformatiounen iwwer SMSen ze kréien. Si wierke vertrauenswäert, gi sech als Bank, Kaartenaussteller oder Déngschtleeschtungsfournisseur aus.

Wéi fonctionnéiert dat?

An der SMS gitt Dir meeschtens gebieden (gewéinlech ënner enger Form vun Urgence), op a Link ze klicken oder eng Telefonsnummer unzeruffe fir Äre Kont z’“iwwerpréiwen”, z’”aktualiséieren” oder ze “reaktivéieren”. Mee de Link féiert zu enger falscher Websäit an d’Telefonsnummer gehéiert dem Kriminellen, deen ugëtt eng legitim Gesellschaft ze sinn. D’Zil ass et, Iech Är Informatiounen erauszelackelen, wat de Kriminellen dann hëllefe kann, Är Suen ze klauen.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Klickt net op Linken, Unhäng oder Biller, déi Dir an ongefrote SMSe kritt ouni fir d’éischt den Absender ze kontrolléieren.
  • Dir kënnt dat maachen andeems Dir d’Nummer online sicht (wann et e Bedruch ass, sidd Dir wahrscheinlech net den Éischten) oder se mat der offizieller Nummer vum Absender als deen, deen e sech ausgëtt, ze vergläichen.
  • Sidd net presséiert. Huelt Iech Zäit fir déi néideg Iwwerpréiwungen ze maachen, ier Dir äntwert.
  • Äntwert ni op eng SMS, déi Iech Äre PIN, Äert Onlinebanking-Passwuert oder och aner Zougangsdonnéeë freet.
  • Wann Dir mengt, datt Dir op eng Smishing-SMS geäntwert hutt an Är Bankdonnéeën erausginn hutt, kontaktéiert direkt Är Bank.

 

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.