Rechnungsbedruch

Si ginn un, ee vun Äre Clienten /Fournisseuren ze sinn

Wéi fonctionnéiert dat?

Eng Firma gëtt vun enger Persoun approchéiert, déi ugëtt, e Client / Fournisseur / Krediteur ze vertrieden. Dës Approchë kënnen iwwert Telefon, Bréif, Fax oder E-Mail gemaacht ginn. De Schwindler hätt gären d’Bankdonnéeë fir eng Iwwerweisung (z.B d’Kontendonnéeë vum Empfänger) vun zukünftege Rechnunge geännert ginn. Den neie suggeréierte Kont gëtt vum Schwindler kontrolléiert.

Wat kënnt Dir maachen?

Als entreprise

  • Stellt sécher, datt Äert Personal informéiert ass an sech dëser Aart vu Fraude bewosst ass a wéi ee se verhënnere kann;
  • Féiert eng Prozedur an, fir d’Legitimitéit vun Äre Iwwerweisungsufroen ze iwwerpréiwen;
  • Gitt dem Personal, datt verantwortlech ass fir Rechnungen ze bezuelen, den Uerder se ëmmer op Onreegelméissegkeeten ze kontrolléieren.
  • Kuckt d’Informatiounen, déi op der Websäit vun Ärer Entreprise stinn, gutt duerch, speziell wat d’Kontrakter an d’Fournisseuren ugeet. Stellt sécher, dass dat, wat Äert Personal iwwer d’Gesellschaft op de soziale Medien deelt, begrenzt ass.
  • Kontaktéiert ëmmer d’Police am Fall vu Bedruchsversich, och wann Dir net Affer gi sidd.

Als employé

  • Verifiéiert all Ufroen, déi angeblech vun Äre Krediteure stamen, speziell wa se gären hätten, datt d’Bankdonnéeë fir zukünfteg Rechnunge geännert solle ginn.
  • Benotzt d’Kontaktdonnéeën, déi am Bréif / Fax / E-Mail stinn, déi eng Ännerung ufroen, net, gebraucht déi vu vireger Korrespondenz amplaz.
  • Wielt een designéierten eenzelen Uspriechpartner fir Gesellschaften, un déi Dir reegelméisseg Iwwerweisunge maacht.
  • Fir Iwwerweisungen iwwert eng gewëssen Zomm, schaaft eng Prozedur, fir de korrekte Bankkont an de Begënschtegen (z.B. bei engem Treffe mat der Gesellschaft) ze bestätegen.
  • Wann eng Rechnung bezuelt ass, schéckt eng E-Mail fir den Destinataire doriwwer ze informéieren. Setzt den Numm vun der Empfängerbank dran an och aus Sécherheetsgrënn déi lescht véier Ziffere vum designéierte Kont.
  • Limitéiert d’Informatiounen, déi Dir op de soziale Medien iwwert Ären Employeur deelt.
  • Mellt Ärer Direktioun oder dem zoustännegen Departement d’Bedruchsversich.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.