Romance Scam

Si maache wéi wann se un enger Libesgeschicht interesséiert wären

Liibesgeschichtbedruchsfäll geschéien normalerweis op online Dating-Websäiten, mee déi Kriminell gebrauchen oft sozial Medien oder E-Mailen, fir a Kontakt ze kommen.

Wat sinn d’Zeechen?

  • Een deen Dir viru kuerzem online getraff hutt, behaapt déif Gefiller fir Iech ze hunn a freet Iech, privat mat him ze chatten.
  • Hir Messagë sinn oft schlecht geschriwwen a vag.
  • Hiren online Profil passt net zu deem, wat si Iech zielen.
  • Si kënnen Iech bieden, intim Biller oder Videoe vun Iech ze schécken.
  • Si waarde gedëlleg drop, Äert Vertrauen ze gewannen, heiansdo wärend Wochen oder Méint. Dann erzielen se Iech eng ausféierlech Geschicht a froen no Suen, Kaddoen oder no den Donnéeë vun Ärem Bankkont oder Ärer Kreditkaart.
  • Wann Dir keng Sue schéckt, probéiere se eventuell Iech ze erpressen. Wann Dir Sue schéckt, dann hätten se gäre méi.
  • Si fannen ëmmer eng Ausried fir datt hir Webcam net fonctionnéiert, fir net reesen ze kënne fir Iech ze treffen oder firwat si méi Sue brauchen.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Sidd ganz virsiichteg wat perséinlech Informatiounen ubelaangt, déi Dir iwwert sozial Netzwierker an Datingwebsäiten deelt.
  • Betruecht ëmmer d’Risken. Déi Kriminell sinn op de bescht renomméierte Säiten ënnerwee.
  • Gitt lues vir a stellt Froen.
  • Recherchéiert der Persoun hir Foto an hire Profil, fir ze kucken op d’Material schonns soss anzwuersch gebraucht ginn ass.
  • Passt op op Schreif- a Grammatiksfeeler, Inkonsistenzen an hire Geschichten an Ausrieden, wéi z.B. eng Kamera déi net fonctionnéiert.
  • Deelt kee kompromettéierent Material, dat benotzt kéint ginn, fir Iech ze erpressen.
  • Wann Dir eng Persoun perséinlech treffe wëllt, da sot Ärer Famill an Äre Frënn, wouhin Dir gitt.
  • Passt op Froen no Suen op. Schéckt ni Suen, gitt ni d’Donnéeë vun Ärer Kreditkaart oder Ärem online Kont oder Kopië vu perséinlechen Dokumenter eraus.
  • Vermeit iergendwellech Arrangementer mat engem Onbekannten, dee freet him am Viraus Suen ze schécke via Virement, international Iwwerweisung, Prepaid-Kaarten oder kryptographesch Wärungen. Et ass rar, dass ee seng Suen zréckkritt, déi iwwert esou ee Wee geschéckt goufen.
  • Iwwerweist ni Sue fir eng aner Persoun: Geldwäsch ass eng Strofdot.

Wann Dir d’Affer sidd vun engem Libesgeschichtbedruch

  • Schummt Iech net dowéinst, esou e Bedruch kennt méi oft vir, wéi Dir Iech et virstelle kënnt;
  • Ënnerbriecht direkt de Kontakt;
  • Späichert wa méiglech all Kommunikatiounen, wéi d’Chat-Messagen an all Beweiser déi dozou féiere kënnen, de Kriminellen z’identifizéieren;
  • Maacht eng Plainte bei der Police.
  • Mellt et op der Websäit, wou de Kriminellen fir d’éischt un Iech erugetrueden ass. Deelt der Säit dem Kriminelle säi Profilnumm mat an all aner Eenzelheeten, déi dozou bäidroe kënnen, datt si et verhënnere kënnen, datt och aner Leit ugeschmiert ginn;
  • Wann Dir engem Kriminellen Är Kontendonnéeë ginn hutt, da kontaktéiert direkt Är Bank oder Äert Finanzinstitut.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.