Spoofing

Se kreéiere virgetäuscht Bankewebsäiten

Bank Phishing E-Mailen enthalen normalerweis Linken, déi zu enger virgetäuschte Websäit féieren, wou Dir gebiede gitt, Är finanziell a perséinlech Informatiounen erauszeginn.

Wat sinn d’Zeechen?

Eng virgetäuscht Bankewebsäit gesäit bal esou aus wéi hire legitimme Pendant. Sou Säite weisen oft eng Pop-up Fënster un, wou Dir gebiede gitt, Är Umelldonnéeë fir dës Bank anzeginn. Richteg Banke gebrauche keng esou Fënsteren.

Dës Websäite weisen normalerweis Folgendes un:

  • Urgencen, esou Messagë fannt Dir net op legitimme Websäiten.
  • Schlechten Design, sidd virsiichteg bei Websäiten, déi Mängel am Design opweisen oder Schreif- a Grammatiksfeeler enthalen.
  • Pop-up Fënsteren, déi ginn normalerweis benotzt fir vertraulech Informatioune vun Iech ze kréien. Klickt net drop a vermeit perséinlech Donnéeën an esou eng Fënster anzeginn.

Wat kënnt Dir maachen?

  • Klickt ni op Linken, déi an E-Maile sinn, déi op d’Websäit vun Ärer Bank féieren.
  • Tippt ëmmer manuell d’Adress an oder gebraucht en existente Link vun Ärer Favoritte-Lëscht.
  • Gebraucht ëmmer e Browser, deen et Iech erlaabt, Pop-up Fënsteren ze blockéieren.
  • Wann eppes wierklech Wichteges zu Ärer Kenntnis soll kommen, da gëtt Är Bank Iech doriwwer Bescheed, wann Dir an Ären online Kont eragitt.
  • Am Zweiwelsfall, rufft Är Bank un.

Kontakt

Lëtzebuerger Bankenassociatioun

Adresse

12, Rue Erasme L-1468 Luxembourg

Telefon Fax
Ëffnungszäiten

Méindeg bis Freideg vu 8:00 bis 17:30.